Den FC Brouch hat ob hiren traditionellen Familljendag a gelueden.
Et waren vill Kanner, Elteren a Frënn vun dem FC Brouch komm, esou dass engem flotten Dag, näischt méi am Wee stoung.
Déi grouss Fussball Darts Scheif war och erëm um Rendez-vous, wou et dreems goung, wien déi meeschten Punkten géing schéissen. Gewënner, bei de Kanner aus den Alterskategorien an d'Elteren sinn mat engem klengen Cadeau belount ginn.
Fir den Honger an Duscht war och gesuergt, dass keen mat Bauchwéi huet missen heem goen.
Eppes wat Kanner immens flott fannen, ass Gesichter molen. Merci dem Claudine an Nadine.
Fussball ass och gespillt ginn, an hei waren grouss Matcher ugesot.
Bambinis hunn géint Mammen gespillt a mat 1 - 0 gewonnen. Och géint Pupillen ass et mat engem 1 - 0 ausgaangen. Eis 1 Equipe hat och keng Chance an Bambinis hunn mat 1 - 2 den Sack zou gemaach. Den leschten Match géint Pappen hunn se och dominéiert an 1 - 0 gewonnen. Esou ass dem Veräin seng Zukunft geséchert.
Hei nach e puer Resultater vun eisen Matcher déi iwwert den ganzen Mëtteg gelaf sinn.
E pur flott Impressiounen vun Uewen.
Déi meischten Trainingspräsenzen haten dës Spiller
Hei flott Biller aus der Fotobox
Credits:
©FC Brouch