Loading

Journée culturelle op der Alliance

Konscht a Kreativiteit ass eppes, wat um normale Schoulparcours heiansdo e besse verluer geet. Zevill aner Saachen hun oft Prioriteit. Dofir ass et emsou mei wichteg, de Schüler munchmol d’Geleenheet ze gin, sech och anescht wei an den traditionnelle schoulesche Kompetenzen auszedrëcken.

D’Journée culturelle, déi den 14. Dezember 2020 eng eischte Keier op der Annexe Alliance stattfonnt huet, war sou eng Geleenheet. Op der enger Säit ass et drem gaang nei Techniken an/oder Materialien kennen ze leieren, op der anerer Säit awer och de Schüler eng Meiglechkeet ze gin, sech mol mat ganz aneren Fähegkeeten an Kompetenzen erfir ze hiewen. Ganz am Senn vum Albert Einstein: „Phantasie ist wichtiger als Wissen, denn Wissen ist begrenzt“ hun d’Schüler sech demno dierfen am Kader vun hierem Atelier ausliewen an nei Erfahrungen man. Hieren Aussoen no ass dat och gudd gelong.

14 verschidde Künstler sin dem Opruff vun der Coordination culturelle nokomm an hun ganz ennerschiddlech Techniken mat diversen Materialien ugebueden. Vertrueden waren: Specksteen, Comics zeechnen, Lichtdrock, Filzen, Siebdruck, Fotographie, e Buch bitzen/bannen a kreeiren, Graffiti, Keramik, Upcycling, Maquette kreeiren, Mixed Media Art, Tape Collage an Transfertechnik mat Faarwexperimenter. An deenen eenzelnen Atelieren sin vill flott Konschtwierker entstan. A verschidde Klassen goufen individuell Wierker hiergestallt, anerer hun sech fir ee Kollektivwierk decideiert.

Leider ass et net meiglech - duerch dei besonnesch Emstänn mam Covid19 - dei geplangten Ausstellung ze man. Op desem Wee kennen d’Arbeschten an d’Konschtwierker awer hiere Wee bei ee Publikum fannen, sou dass d’Talenter an d’Kompetenzen vun de Schüler valoriseiert gin.

Atelier Comic: Andy Genen (CIP/COP2)

Vill Leit wësse guer net, wéi eng BD iwwerhaapt entsteet. Si mengen, dass een sech einfach dohinner setzt, dass déi Geschicht einfach esou « do ass » an dass een direkt ufänkt, dat éischt Bild ze zeechnen, an dann dat zweet, dat drëtt, asw, an op eemol ass dann eng Säit fäerdeg. Dofir ass mäin Zil, fir de Leit bäizebréngen, wéi ee sech uleet, fir wierklech ee Comic ze kreéieren. Mäin éischt Haaptuleies ass, dass et als alleréischt net drëm geet, fir déi schéinste Biller säit der Renaissance op d'Blat ze zauberen, mee dass et bei enger BD drëm geet, fir eng Geschicht mat Biller ze erzielen, an dat esou verständlech wéi méiglech. An dofir ginn et verschidden Etappen :

-d'Geschicht U SECH erfannen an an Textform nidderschreiwen (esou wéi eng Aart Aufsatz), a sech da Gedanke maachen, wéi een dat Ganzt a Biller opdeele kann. Woubäi een do oppasse muss, well d'Leit oft dozou tendéieren, fir ze vill Informatiounen an ee Bild ze paken. Mee an der Reegel heescht et « ee Bild pro neier Informatioun », an dat Wichtegst beim Comic ass, fir eng Geschicht esou flott, interessant a virun allem VERSTÄNDLECH wéi méiglech ze erzielen.

-Dono geet et dann drëm, fir d'Figuren ze entwerfen. Déi muss een dann herno och kënnen vun all Säit an all méigleche Positiounen / Expressioun zeechne kënnen.

-Dono komme mer dann un den « Découpage », wou een, ouni vill an den Detail ze goen, eng éischt Versioun vun der Säit kritzelt, « d'Skelett » souzesoen. Dëst ass am Fong déi wichtegst Etapp, well hei de Grondstee geluet gëtt, wéi d'Säit herno ausgesi soll : wéi vill Casen ginn et ? Wéi eng Gréisst a Form hunn déi ? Wat gesäit een an all eenzeler Case ? Wéi stellen ech dat alles duer ? Falls Text dobäi kënnt, wou maachen ech d'Spriechblosen... ? Etc...

Bis dohinner schaffe mer ëmmer nach just mam Bläistëft op normalem A4 Kopies-Pabeier. Dono geet et dann un een A3-Bristol Blat, wou mer fir d'éischt mam Bläistëft alles propper virzeechnen an als lescht fuere mer da mat engem schwaarze Stëft d'Linnen no an dann hu mer eisen eegenen, eenzegaartege Comic. Vu dass mer just ee Moien Zäit haten, hu mer all zesummen un der selwechter Geschicht geschafft. Fir unzefänken hunn ech eng kleng Presentatioun gemaach, wou ech e bëssen erklären, wat Comics eigentlech sinn a wéi dat Ganzt funktionéiert, etc... Dunn hu mer ugefaangenen, all zesummen un der Geschicht ze schaffen. Ech stinn dann un der Tafel an notéieren lues a lues déi ganz Iddien, esou dass mer dann lues a lues dee ganze Szeenario op d'Bee gestallt kréien. Da kucke mer och schonn am Text, wéi een dat Ganzt herno a Biller andeele kann. Dono geet et dann drëm, fir d'Figuren ze erfannen. Ech hunn eng Figur un d'Tafel gezeechent, op den Input vun de Schüler hin. Op déi Manéier kann dann herno all Schüler sech dorunner orientéieren, an, obscho jidderee säin eegenen Zeechestil huet, gläiche sech d'Figuren herno an der Geschicht trotzdeem, egal wien se gezeechent huet.

Duerno da jiddereen ee Bild assignéiert an ech deele jidderengem een Deel vun engem Bristol-Zeecheblaad aus, dat ech zerschnidden hunn a wou all Stéck dann herno eng Case wäert ginn, déi jeeweils vun engem Schüler*in gezeechent gouf. An herno peche mer dat ganzt dann nees op een ganzt A3 Zeecheblaad, a mir hunn eng Geschicht, wou JIDDEREEN mat dru geschafft huet.

Leider war et esou, dass ufänglech eng Klass vun 12 Schüler um Atelier deelhuele sollt, mee am leschte Moment huet eis Corona ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach, an esou waren et da schlussendlech 3 daper Schüler*innen, déi, ënnerstëtzt vun hire Proffen, an engem Moien eng flott Geschicht vun 2 Säiten « vun Null aus » erfonnt hunn, hinnen all Respekt dofir!

D'Préparatiounen
An d'Resultat
Atelier Graffiti: Daniel MacLloyd
D'CIP/COP1

Fir déi dräi Schüler vun der CIP/COP war et eng Iwwerraschung fir hir Woch mat engem Graffiti Atelier unzefänken, well si an aller leschter Minutt fir d'Klass déi virgesinn war, an an Isolement gefall ass, agespronge sinn. Dofir waren si ëmsou méi begeeschtert.

No der Powerpoint Presentatioun vum Thema an dem onendlechen Choix u Méiglechkeeten waren d'Schüler iwwerwältegt an konnte sech net direkt op just een Thema festleeën. Zesummen mam Kënschtler, ass aus all hiren Iddien een gemeinsaamt Motiv als Skizz geschaaft gin. Nodeems déi Dräi d'Techniken erkläert kruten, konnten si sech och selwer direkt un déi éischt Versich an Exercicer mat der Spraydous, op der 6m2 grousser Toile, woen.

Mat der grousser Motivatioun vun den Schüler an dem Encadrement vun Kënschtler an Enseignant ass dëst gelongent Resultat entstanen.

D'Preparatiounen
An d'Resultat
Atelier Upcylcling: Paule Lemmer
D'Halschent vun der 5AD3

Meng Idee dei ech haat wor d’Schüler opmierksam ze maachen op onsen massiven Plastikkonsum an awer och dass een mat Recycling kreatif schaffen kann! Vu dass ons Emwelt an ons Mierer duerch de Mensch an Plastik verknascht get hun ech hinnen als Aufgab gin e Fesch mat Plastik ze bauen! Si woren komplett frei fir deen Fesch ze gestallten wie si wollten…et huet just missen Plastik sinn an zousätzlech och gemolten kleng Elementer.

D’Schoul haat ganz fleisseg Plastiksfläschen, Plastiksbehälter an Stepp gesammelt ….sou dass d’Schüler immenz fill choix haaten.

Ech hun hinnen kuerz erklärt wie ech mir d’Aarbescht fiirstellen an hun hinnen e puer technesch Tipps gin.

Et wor immenz flott ze gesin wei sech lues an lues eng Dynamik entweckelt huet! Jiddereen (ausser 2) hun hieren eegenen Fesch gemaach an d’Resultater wor wiirklech super cool! Et wir natiirlech immenz wann an deem Kontext Plastikkonsum, Recycling, an „Energie renouvrable„ d’Schüler an engem cours nach mei geiffen sensibiliseiert gin!

Affaire à suivre…..

D'Préparatiounen
An d'Resultater

"Mär huet et gefall, dass mär eis Kreativiteiten weisen konnten"

"Mär huet gefall, dass alles relax war"

"Ech hun et gudd fonnt, dass mer Saachen aus dem Haushalt geholl hun"

"Interessante Kënschtler, flott a kreativen Atelier. Gudd Ambiance a flott Resultater. D'Schüler ware stolz" C. Coullen (titulaire 5AD3)

Atelier Fotographie: Claude Piscitelli
D'5P4
D'Préparatiounen
an d'Resultater

"Mär hun vill zesumme gelaacht als Klass, dat war cool"

Atelier Filzen: Lisa Junius
Dei aner Halschent vun der 5AD3

Trockenfilzen ass eng Technik déi ganz verschidden flott Resultater kann hunn an deementspriechend war et och esou an dësem Atelier. Ech hunn den Schüler gewisen wei et funktionéiert an dono haten si komplett kreativ Fräiheet. Dei hunn se och genotzt an den Filz no hiren Wënsch gedréint an gekniwwelt an gepickt. Eraus komm sinn wonnerbar individuell Teppechbiller wou si kënnen ophänken oder als Teppech benotzen.

D'Préparatiounen
an d'Resultater

"Mär huet gudd gefall, dass mär näischt hu missen schreiwen"

"Mär hun eppes Neies geleiert"

Mär huet gefall, dass mer kee normalen Cours haten, mee eppes, wat mer net emmer man"

Atelier Mixed Media Art: Chiara Dahlem
D'COHAB
D'Resultater

"Ech hu gären gepecht"

"Ech hu gären mat der Künstlerin geschafft"

"Ganz séier ee flotte Kontakt mat de Schüler. Si ware motiveiert a firwëtzeg an hu gudd matgeschafft. Si waren houfreg op d'Endresultat". C. Baltus (Régente COHAB)

Atelier Collage Tape: Fabrice Génot
D'Halschent vun der ACCU
D'Preparatiounen
An d'Resultat

"Ech hu gär de Scotch op d'Pabeier gepecht"

"Ech well nach mei Saache leieren"

"D'Schüler hu mat Freed matgemaach, well si vill Fräiheeten (Kreativiteit) haten. De Künstler ass super op hier Froen an Besoinën agaangen. D'Technik war net ze komplex an variabel genuch, fir datt jiddreen sech austoben konnt." H. De Matos (Régente ACCU)

Atelier Specksteen: Florence Hoffmann
D'5P2

Atelier de sculptures en stéatite réalisées par les élèves de la classe 5P2 sous la direction de Florence Hoffmann dans le cadre de la Journée Culturelle 2020 du LNB.

Les élèves auront d'abord fait appel à leur imagination et à leur créativité pour trouver un thème leur étant cher et familier. Une fois leur projet individuel défini il s'est ensuite agi de l'illustrer en volume, en façonnant la pierre de manière à se rapprocher le plus possible de leur intention de départ.

Ce faisant, les jeunes auront pu vivre des expériences que tout(e) sculpteur(trice) et créateur(trice) est amené(e) à vivre: une certaine patience, une réflexion mutliple et à 360°, un regard affûté, de la flexibilité en cas de casse et d'imprévus, une certaine endurance physique et l'emploi d'outils spécifiques.

D'Préparatiounen
an d'Resultater

"Eng super Dings, also deen Atelier"

Ech hun et gudd fonnt, dass mer mat villen Werkzeugen konnten schaffen, mee et huet een emmer souvill Kraft missen gin"

Atelier Keramik: Nicole Bemtgen
D'5P1

Technik: Aufbaukeramik - Thema: Monster - Material: weißer Ton 45% chamotiert - Holzplatte 20/20 - Modelierhoelzer

Die Schüler konnten selbst entscheiden welche Skulptur sie herstellen wollten. Jedoch hatte ich einige Fotos mitgebracht für diejenigen welche keine Idee zum Thema Monster hatten.

Der Körper wurde stueckweise mit Ton aufeinander gebaut und fest angedrueckt, damit keine Luftblasen entstehen. Nach dem Körperbau wurden die persönliche Details angebracht. Wobei ich Ihnen die Anwendung der Modelierhoelzer erkläerte und vorfuehrte. Die Schueler waren sehr konzentriert, es machte ihnen sichtlich Spaß ihre eigene Skulptur zu erschaffen.

Nach dem Trocknen werden die Skulpturen bei 900 Grad gebrannt.

D'Préparatiounen
an d'Resultater

"C'était marrant, j'aime la créativité de ma classe"

"Mär huet et gudd gefall, well ech mech entspaant hun, well ech insgesamt en ugespaante Mensch sin"

"Et war super, well du konns deng Fantasie fräi loossen"

"Ech well deen Atelier erem man"

"Ganz flott. D'Schüler hunn sech ganz gudd konzentreiert an d'Resultat war super! Giff et erem maachen!" J. Cresswell (Régente 5P1)

Atelier Siebdruck: Eric Marx
Dei aner Halschent vun der ACCU

Atelier Sérigraphie:

Dans le cadre de Esch22 cet atelier a permis aux élèves à la fois d’expérimenter le medium de la sérigraphie à base de motifs préétablis et de participer à la création d’affiches pour promouvoir le projet "vestiaires/wagonnage".

Les images produites, dans ce workshop serviront comme fond-d’affiche pour annoncer des futurs événements, ateliers et projets participatifs. Ils seront visibles en tant qu’affiches durant l’été 2021 à travers Dudelange et ses alentours.

D'Préparatiounen
An d'Resultater

"Ech hu Posteren maachen geleiert"

"Et war cool, ech hu just net sou gär mam Föhn geschafft"

"J'ai aimé faire le spray pour Graffiti"

Atelier Analoge Fotographie /Maquette: Serge Ecker
D'7P2
D'Préparatiounen
an d'Resultater

"Ech war frou, ech konnt maachen wat ech wollt mat mengem Bild"

"Et war flott, Saachen zesummenzesetzen, also Biller an dann ze kucken wei et ausgesäit"

"Et war super organiseiert an de Künstler huet dat super gemaach. D'Resultater waren genial!" P. Diederich (Régente 7P2)

Atelier Transfertechnik- Farbexperimente: Jessica David (7P3)
D'Préparatiounen
An d'Resultater
Atelier Buch hierstellen: Claudine Furlano (7P1)

Dans l’atelier carnet de voyage, les élèves ont reçu une petite enveloppe qui contenait du papier, du fil, une aiguille et des images en couleurs autour du thème du voyage. Ils avaient comme mission de réaliser le carnet et de le transformer en carnet de voyage dans un pays imaginaire.

Ils ont donc d’abord cousu le carnet avec du fil et une aiguille, ensuite ils devaient s’imaginer ce pays imaginaire ; un pays qui n’existe pas « encore » sur Terre ou ailleurs. Quelle est la carte topographique de ce pays ? Comment est le paysage ? Quel nom a-t-il ? Quelle forme ont les maisons ? Et les habitants ? Que mangent-ils ? Quelle est leur langue ? Comment sont-ils arrivés sur ce pays ? …

Les images découpées, que les élèves pouvaient choisir de coller ou pas dans leur carnet, ont servi de point de départ pour certaines illustrations. Seule consigne développer le dessin autour de l’image collée pour l’intégrer à l’ensemble de la page. Les carnets de voyage qui en sont nés sont tous bien différents les uns des autres ; histoire à suspense, chasse au trésor ou guide de voyage… chaque élève a su se l’approprier à sa façon. Il y a même eu un tome II.

D'Préparatiounen
an d'Resultat

"Ech hun et gudd fonnt, dass mer selwer konnten eppes erfannen"

"Et huet Spaass gemat"

"Ech war rosen iwert mech, well ech am Ufank keng Iddien hat"

"Ech weilt gär eng Keier ee Buch aleng schreiwen"

Atelier Lichtdrock: Jessica Theis
D'CIP/COP3
D'Préparatiounen
an d'Resultater

E puer ofschleissend Kommentaren

"Ech well nach mei Saachen leieren"

"Sou eppes, wou een Phantasie ka lafen loossen, soll een mei oft man"

"Ech wollt merci soen, dass Dir komm sidd (Schüler un de Künstler)"

"Das muss man viel öfter machen!"

"Et keint een dee Journée Culturelle sou 2-3 mol am Joer man"

"Ech si frou a stolz drop, dass trotz Corona an andauernden Szenarien déi Journée culturelle esou gudd oofgelaaf ass. Ech war erstaunt ze gesinn, dass mat esouvill Enthusiasmus iwwerall geschafft ginn ass. Do gesäit een, dass en och eis Schüler nach fir nei Saachen begeeschtert kritt." R. Fogen (Directeur adjoint, responsable de la voie de Préparation)

"Ech si gëschter ee Mol an déi meescht Atelierë luusse gaangen a war deelweis ganz impressionéiert. Eenzel Schüler (a souguer Enseignanten ;-)) sinn do opgebléiht, wat alleng schonn d'Initiativ rechtfärdegt" C. Olivier (Attaché à la Direction)