Presentatiounen an de Lycéeën an nei Partner
Säit Oktober war S.A.R. de Prënz Guillaume a 5 Lycéeën ënnerwee fir deene Jonken de Mérite Jeunesse ze presentéieren: Nordstadlycée, Lycée Classique Diekirch, Lycée Aline Mayrisch, Lycée Technique Lallange an am Lycée Technique Bonnevoie.
Hike Oktober 2017
Vum 20.-22.. Oktober waren ëm 30 Jonker aus dem Athénée, Lycée Josy Barthel Mamer, Lycée Michel Lucius, Lycée Nic Biver an de FNEL Scouten am Mëllerdall ënnerwee fir hir Finale fir Bronze oder Selwer ze maachen.
Formatioun fir Tuteuren
Den 21.+22. Oktober huet déi 2. Formatioun fir 2017 fir Tuteure stattfonnt a 14 Participanten hu mat vill Elan a groussem Interessen dee Weekend wonnerbar gemeeschtert a si mat vill Engagement an neien Iddien an hire jeeweilegen Unitéiten aktiv.
Soirée des Tuteurs 2017
De 25. Oktober war et erëm souwäit: d’Tuteuren aus dem ganze Land esou wéi och de Conseil d‘Administration hunn sech am Forum fir déi traditionell Soirée des tuteurs getraff.
No enger klenger Virstellungsronn, huet S.A.R.de Prënz Guillaume den Tuteuren aus de Schoulen an Organisatiounen déi fir de Mérite Jeunesse aktiv sinn een häerzleche Merci gesot.
D’Madamm Danièle Flammang vun ZAK (Zesummen aktiv) an den Här Paul Galles vu Young Caritas hunn iwwert hir Organisatioune geschwat an Aktivitéiten un deene Jonker kënnen deelhuele presentéiert. Den Här Patrick Krier vun der GLCR (Seegelclub) huet déi nei Kooperatioun mam Mérite Jeunesse fir deene Jonken eng Seegelexpéditioun ze erméiglechen, explizéiert.
Finalisten Prix du Mérite
Déi dräi Finaliste vun der Editioun Prix du Mérite 2017 si selektionéiert ginn an de Gewënner gëtt den 18. Abrëll op der Remise des Insignes annoncéiert.
Your JUKI
10 Jugendlecher zwëschen 12-15 Joer déi am Jugendhaus zu Kielen (« JUKI ») aktiv sinn, hunn ee Video gedréit deen een neit Konzept wéi d’Jugendhaus hirer Usiicht no kéint funktionéieren, presentéiert. Zesumme mat der Equippe pédagogique hunn si dunn d’Konzept ausgeschafft wat vun de Besoine an den Erwaardunge vun deene Jonken ausgeet.
Ausfallschrëtt
Et kënnt een heiansdo vum Wee of, oder et entsprécht een net der Norm (“Ausfall”), mee et geet am Liewen ëmmer virun (“Schrëtt”)
200 Schüler zwëschen 12-16 Joer aus dem Lycée Nic-Biever vun Diddeleng, hu selwer een Theaterstéck kreéiert mam Thema den Alldag vu Jugendlechen. Déi „performance multi-disciplinaire“ ass 2 Mol am Juni op der Schmelz zu Diddeleng opgefouert ginn.
Das Programm begann mit einer Eröffnungszeremonie und der Einteilung in Gruppen unterschiedlichen Alters und unterschiedlicher Kulturen.
Das Ziel der Gruppen bestand darin ein Projekt zu entwickeln um den Jugendorganisationen in der Tschechischen Republik und der Slovakei den Duke of Edinburgh´s Award näher zu bringen. Vor dem eigentlichen Beginn unserer Arbeit bekamen wir Leadership skills, Merkmale von Teambuilding, Team Roles und Teamwork mit auf den Weg. Diese wurden anhand von praktischen und theoretischen Übungen an uns herangetragen. Eine Übung setzte sich aus dem Bau eines Turmes mit Spaghetti und Marshmellows zusammen.
Nach unserem zweitägigen Besuch und den Interaktionen mit den Mitgliedern der Roma-Gemeinschaft, sammelten wir unsere gewonnenen Eindrücke in Form eines Brainstormings um den Schwerpunkt unseres Projekts festzulegen. Soziale Inklusion von Roma Mitgliedern in der Gesellschaft wurde unser Thema.
Nach dem Erarbeiten eines Konzeptes wurde das Projekt einer Jury vorgestellt. Diese bestand aus Buisnessinvestoren, Pädagogen, HRH Edward von England u.v.m…
Bei der großen Abschlusszeremonie war mein persöhnliches Highlight, dass ich als eine von zwei Auserwählten eine Abschlussrede vortragen durfte.
Den detailierten Bericht findet ihr auf der Webseite :
Agenda
24.+25.02.18 Formatioun Tuteur Mérite Jeunesse (Sprooch LU)
10.03.18 Formatioun Expeditioun (Sprooch LU)
31.03.18 Formatioun Expeditioun Holland (Sprooch EN)
13.04-15.04.18 Nationalexpeditioun – Preparatioun
18.04.18 Remise des Insignes
21.04.18 Formatioun Tuteur an Holland (Sprooch EN)
04.05-06.05.18 Nationalexpeditioun – Finale
Expeditiounen
Detailer wéis du muss virgoen a wat s du alles am Volet Expeditioun muss maache fënns du um Internetsite : www.merite.jeunesse.lu
Zitater an Temoignagen
Du kanns zu all Zäit dem Nationalbüro een Temoignage iwwert däi Programm oder eng Aktivitéit schécke fir deen dann um Internetsite vum Mérite Jeunesse ze publizéieren. Ganz gären kann et och just einfach ee Saz si wat de Mérite Jeunesse dir bruecht huet an dëst mat enger Foto. Schéck et einfach op monique.kellen@youth.lu
Deadline Recordbooks
Fir dass déi Jonk déi hiren Niveau ofgeschloss hunn hire Certificat den 18. Abrëll kënne kréien, bräichte mir bis déi éischt Woch am Februar d‘Recordbooks.
Formatiounen
D’Umeldungsformulaire fir un enger vun de Formatiounen deelzehuele fann dir um Site: