Remise des Insignes 2018
Den 18. Abrëll war d’Remise des Insignes fir all déi Jonk déi am lëschte Joer hire Programm op engem vun deenen 3 Niveauen ofgeschloss hunn. Mat enger Unzuel vun 242 Jonken, sinn deen Owend esou vill Zertifikaen iwwerreecht ginn ewéi nach ni virdrun. Gläichzäiteg stoung dëst Evenement och am Zeeche vum 25. Gebuertsdag vum Mérite Jeunesse. Et war eng grouss Éier fir déi Jonk, dass de Papp vum Mérite Jeunesse zu Lëtzebuerg, S.A.R. de Grand-Duc Jean mat hinne konnt feieren.
De Stéphane Gilbart, ee fréiere Proff aus der Europaschoul dee gehollef huet de Mérite zu Lëtzebuerg ze lancéieren an nach weider fréier Participanten aus dem Programm, hunn de Leit vun hiren Erfarunge mam Mérite gezielt. Jonk Méritanten hunn esouwuel duerch den Owend gefouert ewéi och iwwert déi verschidde Beräicher wou se aktiv waren, erzielt oder hunn op der Bühn gedanzt oder hiert musikalescht Talent gewisen.
Formatiounen am Februar a Mäerz
De Weekend vum 24. Februar war déi 2. Formatioun vun dësem Schouljoer fir Tuteur beim Mérite Jeunesse ze ginn. 9 nei Tuteure sinn no dësem Weekend aktiv ginn an esouwuel d’Jugendpompjeeën ewéi och de Lycée Robert Schuman stinn an de Startlächer fir de Programm bei sech ze lancéieren.
Den 10. Mäerz hunn de Georges Faber an den Alex Gansen den Tuteuren de Volet Expeditioun méi no bruecht an se mat deem néidege Wëssen ausgerëscht fir selwer Expeditiounen ze leeden. Duerno ass et nach eemol fir de prakteschen Deel Sonndes Moies zu Leideleng an de Bësch gaange wou si sech virun allem mat der Orientéierung ausernee gesat hunn. Vill Succès allen Tuteuren déi esou motivéiert mat dobäi waren.
Projet résidentiel Chenyan Yang
Ech hunn als Delegéiert un enger Sëtzung zu Stroosbuerg, organiséiert vum Europäesche Jugendparlament, deelgeholl. Ech hu vill interessant Leit kennegeléiert, souwuel national ewéi och international. Mir souzen a verschiddene Komiteeën zesumme fir iwwert aktuell Themen op der Welt ze diskutéieren, Problemer ze erkennen an eventuell Léisungen ze fannen. Fir ofzeschléissen hunn mir eis Resolutioune presentéiert an an der Generalversammlung debattéiert. Et war eng aussergewéinlech Experienz fir mech an ech hu mech dobäi besser kennegeléiert an si motivéiert mech weider a sou Jugendorganisatiounen ze engagéieren. – Chenyan Yang
Nationalexpeditiounen
Dräi Woche méi spéit hunn se dunn hir Finale gemaach, déi tëschent Ierpeldeng un der Sauer a Kautebaach war. Trotz ville Bloderen, sinn se all mat engem Laachen um Gesiicht ukomm.
Expeditioun vum Lycée Hubert Clément Esch
Expeditioun Internat du Nord
Für die Expedition 2018 hatte die Gruppe des Internat du Nord über alle möglichen Vorkehrungen bei Regen gesprochen. Bei schweisstreibenden 30 Grad mussten sich die Teilnehmer darüber keine Sorgen machen. Die Wanderung begann in Koetschette und endete in Wiltz beim Internat, unterbrochen von einer Nacht auf dem Campingplatz in Liefrange. Außerdem haben sich die Jugendlichen mit dem Thema "Tiere, denen wir begegen" auf einer anderen Ebene mit der Region Stausee Obersauer beschäftigt. – Torsten Hößler
Expeditiounen St. George’s International School
D’Bronze Participanten aus der St George’s International School waren no hirer Preparatiounsexpeditioun am Mäerz dunn ee Mount drop am Mëllerdall ënnerwee fir hir Finale ze maachen. D’Selwerparticipanten waren am Mee fir hir Finale a Frankräich, an d’Géigend vu Le Bonhomme,hiren Hike maachen. Gestart sinn déi Jonk zu Gerardmer a sinn 2 Deeg drop zu La Bresse ukomm. Fir Gold geet d’Hayley Montague mat deene Jonken Ënn August bei Interlaken an der Schwäiz an d’Bierger.
Aanere Leit eng Freed maachen
Athénée goes South Africa
Am Abrëll war ee Grupp Jonker aus dem Athénée zesumme mam Direkter a President vun der ONG A-AH (Athénée action humanitaire), dem Här Salentiny, an e puer Proffen, ënner aanerem och d’Tutrice vum Mérite Jeunesse, dem Renée Fernandes, zesummen a Südafrika, fir mat Jonke vum President’s Award ee Projet ze realiséieren. An der Géigend vu Kapstadt hunn si un verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl an Projeten vun der ONG besicht.
Ausserdeem hunn déi jonk Lëtzebuerger un engem Hike vum Presiden’t Award deelgeholl wou se beobachte konnten wéi sech d’Natur iwwert d’Zäit eweg verännert huet an och hu sie erliewt a wéiengem Kontrast een Hike a Südafrika zu engem Hike hei zu Lëtzebuerg steet.
Ganz nom Motto vum Papp vum President’s Award, dem Nelson Mandela: « Education is the most powerful weapon which you can use to change the world. », hunn déi jonk Lëtzebuerger un der Erëffnung vun enger Schoul fir 80 Kanner deelgeholl mat der den Athénée eng Partnerschaft huet.
Zitater:
" The Mérite Jeunesse has given me the opportunity to receive an award for many of the activities I do. I was able to fill up most categories very quickly, which gave me a strong sense of achievement. The biggest effort for me was the hike; but it was a memorable experience. I was able to explore some of the beauty Luxembourg has to offer, while pushing my limits and still having fun. The Duke of Edinburgh Award is a great opportunity and I would strongly advise busy teenagers and young adults to invest their time and energy and participate in the program." – Gold Participante Jordie Mills (AL)
An engem Saz: Wat bedeit de Mérite Jeunesse fir dech?
„ Jonker hëllefen sech ze entweckelen an hier Interessien ze entdecken.“ – Pol Hermes, Tuteur FNEL + LJBM
Prix du Mérite
Sidd dir oder kennt dir ee Grupp vu Jonke Leit tëschent 14-25 Joer déi an engem Projet engagéiert sinn deen eng Unerkennung verdéngt? De Projet kann aus folgende 4 Beräicher kommen: Benevolat, Aventure an Entdeckung, Talent a Kompetenzen oder aus dem Sport. Dir kënnt iech bis den 1. Dezember fir déi 12. Editioun vum Prix du Mérite umellen. Weider Detailer ewéi och den Umeldungsformulaire fann dir op eisem Internetsite.
Seegelexpeditioun
All Participant vum Mérite Jeunesse, ab 16 Joer, kann sech am Volet Expeditioun fir eng
Seegelexpeditioun aschreiwen. Fir d’éischt gëtt am Hierscht a 4 Theoriescoursen alles iwwert d’Seegele geléiert wat ee muss wëssen iert een dann um Mier seng Seegelexpeditioun mécht. Weider Infoen fënns du um Internetsite:
http://merite.jeunesse.lu/lu/dokumenter/infoe-participant
Bass du interesséiert?
Da mell dech iwwer E-mail un:
monique.kellen@youth.lu
Logoen
De Mérite Jeunesse huet een neie Logo, deen dir op der Websäit erofluede kënnt: http://merite.jeunesse.lu/resources/award-unit-resources
Beim Logo vum International Award ass fir d’Unitéiten dee geduecht wou steet „Proud to deliver“ a fir d’Participanten de „Proud to be doing“. Och dës fann dir um Internetsite esou wéi d’Detailer wéi se benotzt solle ginn.
Update Volet Expeditioun
D’Dokument mat de Konditioune fir de Volet Expeditioun ass iwwerschafft ginn an déi aktuell Versioun, déi ab elo fir jiddereen zielt, fann dir um Internetsite: http://merite.jeunesse.lu/lu/resources/infoe-fir-déi-responsabel
Dateschutz
Är Donnéeë sinn eis wichteg a mir setzen eis duerfir an dës ze respektéieren an ze schützen. Een Dokument mat weideren Informatioune fann dir um Site vum Mérite Jeunesse ënnert der Rubrik ‘verschidden Dokumenter’.
Fiche d’inscription
Et gëtt eng nei Virlag vun der Fiche d’inscription déi dir w.e.g. ab elo benotze sollt fir är Participanten: http://merite.jeunesse.lu/lu/dokumenter/infoe-fir-déi-responsabel